Retour

Eisen Invité vum Dag : Gilbert Pregno

Haut am Gespréich mam Gilbert Pregno:
 
" Säitdeem ech Präsident si vun der Mënscherechtskommissioun hunn ech entscheet ëmmer optimistesch ze bleiwen. Dat heescht net dass ech blann si fir de Misär den et gëtt. Ma fir mech gëtt et einfach keng Alternativ zum Optimismus. Wat géinge soss di Mënsche soen déi a grousser Nout sinn. An Italien, wat ewéi eng Heemecht ass fir mech (ech hunn der e Puer) do ass d’Parole vum Widderstand a vun der Hoffnung: “Andrà tutto bene”, wat esou vill heescht ewéi: “Mer packen dat”.
Ech weess och dass dat esou ass an dat ass net verhandelbar fir mech ! "

 

De Lien op d'Carte Blanche vum Gilbert Pregno fannt dir ennert: https://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche/a/1484160.html