Retour

Eisen Invité vum Dag : Jean-Marie Biwer

Mir sollen eis An grouss opmaachen a ronderëm eis kucke fënnt de Jean-Marie Biwer. Als Moler kann hien dat ganz gutt. Op senge Biller kann hien d’Zäit stoe loossen, genau kucken, d’Kraaft vum Moment fänken. An wann ee richteg gutt kuckt, da gesäit een dass d’Welt ronderëm eis, zumols an dëser Zäit, eis villes léiere kann.

De Jean-Marie Biwer stellt de Moment seng Biller am Mudam aus, den Numm vun der Ausstellung ass D’après natureEe Motiv wou hei oft erëmkennt sinn d’Beem, esou wéi d’Bierken hei uewen. De Bam, esou de Jean-Marie Biwer am Wort, bedeit fir hien eppes – d’Liewen.

Als grousse Moler wëll de Jean-Marie Biwer seng Passioun mat all Mënsch deelen, a fuerdert dofir op „Mol mir e Bam“. An hien erkläert och wéi. Et soll een d’Natur gutt kucken, mee dann, wann een se mole well soll een d’An fir d’éischt emol zou maachen. Mat den An zou soll een iwwert de Bam nodenken deen ee mole well, et soll een sech Zäit loosse fir opzepasse wat ee fillt. Réischt da soll een seng Faarwen huelen an ufänken ze molen.

De Jean-Marie Biwer hat natierlech och eng gutt Iddi wat een da maache soll wann d’Bild fäerdeg ass. An zwar soll een eng Foto dervu maachen an déi als aller éischt un Ee schécke mat deem ee frou ass. Dann soll een se och un de MUDAM schécken, si sammelen all d’Fotoe fir se duerno op de soziale Medien ze weisen.

Di zweet Foto vum Bam soll op des Adress geschéckt ginn: workshop@mudam.lu

Villmools Merci dass mir dëse flotten Opruff konnten deelen!

Um Jean-Marie Biwer sengem Site kënnt dir aner Biller vun him kucken: http://www.j-m-biwer.lu/428171359

 

Pour nos amis français : https://www.mudam.com/fr/draw-me-a-tree

For our english friends : https://www.mudam.com/draw-me-a-tree

Für unsere deutschen Freunde: https://www.mudam.com/de/draw-me-a-tree