D'BAe vun der FNEL an der LGS
An dësen Deeg ass et wichteg, een deen aneren ze ënnerstëtzen. Och wann een dat zur Zäit net am perséinlech Kontakt maache kann, ginn et trotzdeem Dosende Weeër fir ze hëllefen. Mir probéieren iech all Sonndeg eng Initiativ virzestellen, déi eng Méiglechkeet bitt, fir sech solidaresch ze weisen.
Haut stellt d'Silke iech d'BA (Bonne Action) vun de Scouten zu Lëtzebuerg vir.
D'FNEL Guiden a Scoute bitt hir Hëllef an Zesummenaarbecht mat de lokale Gruppen am ganze Land un.
Si kënne lokal bei verschiddenen Tâchen hëllefen.
Wann der gären Ënnerstëtzung hätt, rufft op der Hotline un.
Si sinn erreechbar an der Woch vun 9:00 bis 17:00 an de Weekend vu 14:00 bis 17:00 Auer oder zu all Moment iwwert E-Mail.
Tel. 27 400 496
E-Mail ba@fnel.lu
Link fnel.scoutenaguiden
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hëllefe wann een am héijen Alter ass oder eng chronesch Krankheet huet, déi een „ufälleg“ fir de Coronavirus mécht. Wann een aus dëse Grënn net méi akafe ka goen an een och keen huet, deen dat kéint iwwerhuelen.
Si bidden un, Kommissiounen ze maachen a brénge se heem, natierlech gratis, wéi zum Beispill: Liewensmëttel akafen, Hygiènesartikele kafen, Medikamenter an der Apdikt besuergen (mat Ordonnance vum Dokter).
Iwwert hiren Internetsite kann een déi lokal LGS Gruppen uruffen an ëm Ënnerstëtzung froen. Hei fannt dir eng Lëscht vun de verschiddene Gruppen an deene verschiddenen Uertschaften zu Lëtzebuerg.
Tel. 26 94 84
E-mail. ba@lgs.lu
Link: news.lgs