Retour

Stay at home, UP_grade your time!

 UP_Zesumme packe mir dat!

 

Restez à la maison !

 

Le coronavirus a pris d’assaut le Luxembourg. Depuis lundi les écoles, les crèches et les maisons relais ont fermé leurs portes. Le personnel médical et soignant dans les hôpitaux se prépare au pire et enchaîne des journées de travail sans fin. Ce sont eux les héros de ces temps ; ils n’ont jamais été confrontés à un phénomène d’une telle ampleur.  Le gouvernement appelle au confinement général au nom de la solidarité nationale. 

 

C’est le moment de se montrer solidaires, de rester à la maison et de suivre les prescriptions. En tant qu’UP_FOUNDATION, nous ne voulons pas rester inactifs, nous voulons montrer notre solidarité en restant présents et amener l’éducation dans vos maisons. Ainsi, nous vous proposons chaque jour une activité, une idée, un partenaire éducatif.  

 

Notre blog est une aventure que nous voulons joyeuse, positive, interactive et constructive ; un remède contre la morosité, un antidote à l’ennui. 

 

Un grand merci à notre partenaire EDUTEC qui assure le volet informatique de cette belle aventure. 

 

 

 

Bleift doheem!

Stay at home, UP_grade your time!

 

De Coronavirus huet elo och säi Schied iwwer Lëtzebuerg geluecht. 

 

„Europa ass zur Zäit den Epizentrum vum Virus, a mir leie mattendran,“ sou huet d’Madamm Minister op der Pressekonferenz gesot. Spéitstens säit leschter Woch wësse mir all, dass mir an deenen nächsten Deeg a Wochen eis Liewensgewunnechte mussen änneren an doheembleiwen. 

 

Dofir den Appell vun der Regierung un eis all: bleift doheem, sidd solidaresch a respektéiert e puer elementar Reegele fir dass mir all gutt iwwert d’Ronne kommen. Säit e Méindeg sinn d‘Schoulen, d’Crèchen an d’Maison Relaisen zou, an zënterhier fanne mir eng Hellewull vun Internetsitten, Inhalter, Videoen oder Tipps fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener. Dat geet vu kënschtlerescher, sportlecher oder soss enger Beschäftegung bis hin zu Léierinhalter aus alle Fächer. 

 

Mir hunn eis als UP_FOUNDATION gefrot, wéi mir eisen Deel a punkto Solidaritéit kënne bäidroen - a wëll mir eng national Fondatioun sinn, déi sech fir d’Bildung hei zu Lëtzebuerg asetzt, proposéiere mir alles wat d’Bildung betrëfft ze sammelen an iech et a konzentréierter a flotter Form zur Verfügung ze stellen. 

 

Mir maachen dat awer net eleng, mee an Zesummenaarbecht mat EDUTEC, déi de ganzen informateschen Deel iwwerhuelen. Sou wäerte mir iech zesummen iwwert dëse Medium mat gudden Iddien, interessante Partner an inspiréierender Praxis déi nächst Woche begleeden. 

 

Dir hutt eng gutt Iddi, e flotten Inhalt, en inspiréierende Beitrag oder Message? Schéckt eis en eran ënnert: info@upfoundation.lu