Retour

Kommunikatioun jo, mee anescht

Kommunikatioun jo, mee anescht

D’Welt bleift de Moment stoen, jiddwereen ass bei sech doheem, mee doheem sinn heescht net onbedéngt eleng sinn! Elo heescht et solidaresch sinn, an op aner Weeër matenee kommunizéieren. COVID-19, ee komeschen Numm, abstrakt. COVID, "corps vide"? Op kee Fall! Och wann de klenge Virus probéiert, eis d'Energie ze huelen, kommt mir kucken dass eist Häerz voll ass mat Liewensfreed an eise Kapp mat flotten Iddien a mir stäipen esou Een deen Aner.

Déi kleng Geste kréien elo eng méi grouss Valeur. Also laacht ärem Noper, wénkt der Madamm vu vis-à-vis, Solidaritéit ass wichteg dës Deeg!

A wann der sou kreativ an zilsécher sidd wéi d’Madammen op eisem Bild, kënnt der souguer awer mat der Nopesch Kaffi drénken!