Retour

Eisen invité vum Dag: move.

Politesch Bildung vir Jonker, mais wéi?

 

Bildung ass wichteg fir d'Zukunft, dat kréie scho kleng Kanner vun hiren Eltere gesot.

An Zäite wou de Klimawandel an de Verloscht vun der Biodiversitéit aktuell si wéi ni, ass d'Bildung ee wichtege Baustee vun enger besserer Zukunft.

Dofir mëscht sech "move. déi Jonk am Mouvement Écologique" och eng ganz Rëtsch Gedanken zu dësem Thema, esou och an der zweeter Episode vu senger intergenerationeller Dialog-Serie "Um Comptoir", déi dir hei als Video kënnt kucken. An dëser Episode freet Laura Dominicy (Aktiv bei move.) de Cédric Metz (Responsabele Dossier Educatioun Mouvement Écologique) wéi eng besser politesch Bildung kéint ausgesinn. 

move. ass ee Grupp vu Jonker tëschent 14-27 Joer, déi sech wëchentlech treffe fir sech kritesch mat aktuellen Theme wéi dem Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung oder der Schoul auserneesetzen an eng ganz Rëtsch eege Projete verfollegen.

Dir fannt move. op Facebook, Instagram, Youtube an iwwert de Site move.meco.lu