Ëmgang mat der Medien-Villfalt
Et huet misse séier goen. De Choix war limitéiert. An du souz den Enseignant(e) doheem bei sech, an och d'SchülerInne waren doheem. Iwwert eng Software waren se matenee verbonnen.
An dëser Weltviruskris funktionéiert déi institutionell Bildung anescht ewéi soss. Och wann et jo no a no nees zeréck an d'Klasse geet, sou hunn d'SchülerInnen an hiert Léierpersonal missen eng nei Erfarung maachen. Ewéi et schéngt sinn déi meescht gutt domat eens ginn. D'Pandemie huet e Prozess acceleréiert, vun deem net nëmmen deen aktuellen Educatiounsminister scho laang schwätzt an dee warscheinlech an dësem Joerzéngt nach virleefeg ofgeschloss gëtt: d‘Digitaliseierung an der Schoul. Vill Gewunnechte vum analogen Unterrecht wäerten der enormer digitaler Offer Plaz maache mussen. Léierinnen, Schoulmeeschteren a Proffe mussen ëmdenken. De Modell ''si virun der Tafel, de Rescht schreift mat'' stéisst u seng Limitten. D'Jugend hätt gäre – vläicht brauch se et och - Ofwiesslung a Villfalt.
Änlech wéi dem Léierpersonal ergeet et iwwregens dem Journalist. ReporterInne sinn haut net méi déi, déi méi wëssen an dat verëffentlechen, esou wéi dat am 20. Joerhonnert nach de Fall war. Op mannst gesinn d'LieserInnen si net méi esou. D'Smartphonen si permanent un. Et kann een sech ëmmer an iwwerall op den neiste Stand bréngen, och ouni déi klassesch Medien.
D'Medie sinn am Digitaliséierungsprozess awer schonn e grousse Schratt weider. Souguer déi klasseschst ënnert de klassesche Medien trauen sech un nei Formater, profitéiere vun de spannenden neie Méiglechkeete fir eng Geschicht z'erzielen.
D'Tagesschau zum Beispill weist Reportagë mat staarke Biller deels kuerz a knackeg an enger Story op Instagram. Och bei RTL gi mir eist Bescht fir d'Offer méi breet ze maachen. Eng Presenz op de soziale Reseauen ass hautdesdaags Flicht. Et ass eng séier Form vun der Informatioun, an dësem Fall produzéiert vun ausgebilte Journalisten. Mä quasi all Mënsch kéint dat selwecht maachen. Dat néidegt Equipement dofir huet jiddereen ëmmer an der Täsch. ''Informatioun ass séier, Wourecht brauch Zäit'', schreift den éisträicheschen Netzphilosoph Peter Glaser. Wa méi Leit Contenu einfach produzéieren a verëffentleche kennen, heefen sech dogmatesch oder falsch Inhalter zwangsleefeg – an déi zirkuléieren da séier an de soziale Reseauen, op Youtube, an anere Plattformen déi bei deene Jonke beléift sinn. TikTok zum Beispill.
D'SchülerInnen a Schüler wëssen haut, wéi si un Informatioune kommen. Do kennt dir hinnen näischt méi virmaachen, léift Léierpersonal. Mä keng Angscht, si brauchen iech op mannst grad esou vill ewéi d'Schülerinnen a Schüler fréier. Dir kennt déi nei digital Tools notze fir Är Coursë méi accessibel ze maachen an déi Jonk bei der Staang ze halen. Virun allem awer kënnt der hinnen erklären, op wat si am Netz oppasse mussen, wéi ee falsch Informatioune vu richtegen ennerscheed an wat den Ënnerscheed ass tëscht engem Influencer an engem Journalist. Dir kennt hinne Mediekompetenz vermëttelen – e Kompass am Informatiounschaos.
Iwwregens leien déi zwee Beruffer – Enseignant(e) a Journalist(in) - graff gekuckt guer net esou wäit auserneen: Informatiounen un de Mann an d'Fra bréngen, erklären a kontextualiséieren. Ob analog oder digital, et bleift eng Aufgab mat ville Responsabilitéiten.
Pierre Jans, Journalist bei RTL