Retour

Eisen Invité vum Dag: Gaston Ternes

Zur Leeschtungsbewäertung an der Schoul

"D’Corona-Pandemie bréngt d’Léiere méi wéi jee heem an d’Haus an d’Eltere ginn zu enke Coache vum Léierprozess. An dëse net liichten Zäite vum Confinement a vun der Téléaarbecht erliewe mir villes anescht. Mir ginn eis op emol bewosst, dass enseignéieren fuerdernd a komplex ass, dass de Beruff vum Enseignant systemrelevant ass.

D’Kärfro ass fir mech wat de Jonken zu engem gewëssen Alter beherrsche soll a wat hien als minimale Feedback brauch fir selwer Fortschrëtter ze maachen. An dobäi spillen Notten eng ganz wichteg Roll: si sinn de Loun oder awer och d’Sanktioun fir all Schüler, säi “Verdéngscht” am gudde wéi am schlechten.

A menger carte blanche vun haut hunn ech mir e puer Gedanken iwwert dëst zentraalt Thema gemaach."

 

Carte blanche 08-05-20 (klicken fir ze lauschteren!)  

Zur Leeschtungsbewäertung an der Schoul - Wat d’Corona-Pandemie eis seet!

Et fält mir op, dass an deene ville Reformen an der Grondschoul an am Secondaire, eng grondleeënd Reflexioun iwwert d’Thema “Evaluatioun vu Schülerleeschtungen” ausbliwwen ass. Et si just Ufuerderungen un den Enseignant op ee bestoende Modell bäigeprafft ginn. Dat huet säi Nidderschlag fir d’Léierpersonal an engem Cumul vu Schreifaarbechten: detailléiert Commentairen op all eenzel Prüfung, Ervirhiewe vun all Feeler, esou wéi eng akribesch Opspléckung a Kompetenzen, déi och nach u Notte gebonnen ass.

Et besteet absolut kee Verhältnis méi tëschent de Stonnen déi den Enseignant fir d’Schreiwe vun all dëse  Feedbacke verbréngt an dem Notzen deen de Schüler aus dëser Aarbecht zitt. De Jonke selwer schleeft sech vu Prüfung zu Prüfung a vergësst dertëschent wat hie geléiert huet, well jo aner Fächer och eng Prüfung hunn. De brasilianesche Pedagog Paulo Freire schwätzt an dësem Zesummenhang vun enger “pédagogie bancaire”: de Schüler gëtt eng Prüfung of, hie gëtt “bezuelt” duerch eng gutt oder schlecht Nott a schalt of.

Misst et net fir de Jonken derwäert sinn, an engem zweeten Ulaf, un Hand vu kuerze Virschléi vum Enseignant, seng Produktioun ze iwwerschaffen an esou ëmmer méi Satisfaktioun u senger Aarbecht ze kréien? Interessant, dass grad elo d’Recherche an der Gehierfuerschung, d’Reactivatioun an d’Léieren a klengen Häppercher als zwee grouss Piliere vun effizientem Léieren definéiert!

D’Corona-Pandemie huet d’Schoulen an en Ausnamezoustand versat an d’Téléarbecht huet e gewaltegen Impuls kritt. Si weist awer Grenzen op wann een un déi ausgläichend Wierkung vum Klasseraum an dat soziaalt Zesummespill denkt. D’Téléarbecht mécht d’Beurteelen vun der Schülerleeschtung schwéier, well net all Jonken déi selwécht Aarbechtsconditiounen huet.

De Confinement forcéiert eis elo just dat Essentiellt vum Léierstoff a vun der Leeschtungsbewertung a Betruecht ze zéien. Essentiell ass, dass d’Léieren an der Kontinuitéit geschitt, an dass Widderhuelen, kooperatiivt Verhalen a perséinlechen Engagement hire Nidderschlag an der Evaluatioun fannen. Essentiell ass och, dass Léieren Zäit a Rou brauch fir an d’Déift ze goen an Hektik als Konsequenz just Iwwerflächlechkeet huet a Stress an Angscht ausléist. Semesteren anstatt Trimesteren géinge schonn en Drëttel vun den Tester sträichen.  

Déi sanitär Kris deet eis villes relativéieren, si weist eist och d’Wichtegkeet vu Kooperatioun amplaz Konkurrenz a genau dat misst an der Evaluatioun ee vill méi staarken Impakt fannen.