Retour

Eise Partner vum Dag: Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)

D'Pauline freet...

D'Schoule maachen ab dem 4ten Mee lues a lues op. D'Kanner aus dem Fondamental mussen allerdéngs nach bis de 25ste Mee waarden, sou den Här Meisch. An dësem Video vum Zentrum fir politesch Bildung gëtt nach emol erkläert firwat d'Kanner net dierfen an d'Schoul goen.

"Ech sinn d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung an ech presentéieren Iech d’Pauline! D’Pauline stellt sech vill Froen ronderëm Politik a Gesellschaft an dofir freet hatt!"

 

 

Stell och Du dem Pauline Froen! Vill Freed mat dem neien Video vum Zentrum fir politesch Bildung. Méi Material fënns Du op www.zpb.lu