Retour

Eis Partnerin vum Dag: Fabienne Thoma

Mäin Numm ass Fabienne Thoma. Ech si vu Beruff Educatrice graduée a schaffe säit 20 Joer am pedagogeschen an therapeutesche Beräich. Meng grouss Passioun ass d'Konscht an all senge Formen an d'Spill. Dofir sinn ech och dem Figurebau- a spill verfall. Hei kann ech sculptéieren, modelléieren, molen, bitzen, gestalten a Geschichten erfannen. Et ass einfach genial!

Ech deelen och gär meng Passioun mat aneren an dofir organiséieren ech Workshoppen fir d'Asbl A'Musée Kanner Musée Lëtzebuerg. 

An haut hunn ech Iech e Video gemaach, wéi dir doheem eng Figur aus Wäscheklamere maache kennt, fir dono domadder Geschichten ze erfannen an ze spillen. Ech wënschen Iech vill Spaass dobäi.