Retour

Eisen Invité vum Dag: Raoul Wirion

#AllDagengBA #bitzdoheem #Homescouting

Villmools Merci dem Raoul Wirion fir des Explikatiounen zu der Wichtegkeet vun de Scouten an onser Gesellschaft, zemools an dëser Zäit.

 

De Scoutismuss, als edukativt Jugendmouvement, weisst op en Neits wéi wäit hieren Aktivitéitsberäich geet a wéi wichteg si fir d’Gesellschaft sinn. 

Wéi den 12. Mäerz 2020 annoncéiert gouf dass d’Schoulen bis op Weideres zou bleiwen an dass déi vulnerabel Leit sech solle schützen an doheem bleiwen huet sech a ganz kuerzer Zäit eng impressionnant Dynamik an der FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) entwéckelt. Et huet keng 48 Stonne gedauert, do haten sech all d’FNEL’s Gruppen bereet erkläert beim Projet #AllDagengBA mat ze hëllefen. An Tëschenzäit si ronn 350 jugendlech an erwuesse Benevoler vun der FNEL aktiv fir de vulnerabele Leit am Alldag ze hëllefen fir Akeef oder Medikamenter aus der Apdikt ze bréngen, a fir reegelméisseg mam Hond erauszegoen. Et ass spannend, well jiddereen muss Inititative a Creativitéit, Motivatioun a Responsabilitéit weisen fir der Demande gerecht ze ginn.  

Och an de Spideeler gi Leit gebraucht. Den 20. Mäerz huet Hôpitaux Robert Schumann eis kontaktéiert well si Leit gesicht hunn fir am Spidol ze hëllefen an hiert Personal ze entlaaschten. Hei goufe Leit gesicht fir zum Beispill an der Entrée de Leit d’Féiwer ze moossen, oder Patienten bannen vun A op B ze bréngen. Bis iwwer govjobs.lu en änlechen Appell komm ass hu sech bei der FNEL 50 Leit gemellt fir hei ze hëllefen.

Mir hunn och eng essentiell Roll an der Produktioun an an der Verdeelung vu Mondschutzmasken. Den 22. Mäerz goufe mer vun der Cellule de Crise vun der Regierung kontaktéiert fir de Projet vun de Mondschutzmasken ze koordinéieren. An Zesummenaarbecht mat der LGS an der Post, an ënnert dem Motto #bitzdoheem, melle sech Leit aus dem ganze Land iwwer eis Hotline un, kréien en Pak vun der Post heembruecht deen se dann dem Bréifdréier rëm gefëllt zréck ginn. Zesumme mat dem Ministère de la Santé an de Post kucke mer wou déi Masken gebraucht a verdeelt ginn.

Fir all eise Beaver, Wëllëfcher a Scouten d’Méiglechkeet ze ginn och am Alldag eng Scoutsaktivitéit ze maachen gouf den 23. Mäerz #Homescouting lancéiert. Iwwert déi sozial Medien an op eisem Site proposéiere mir all Dag eng flott Iddi wéi een, op eng Scouts Aart a Weis, doheem mat sengen Elteren, oder ouni,kann eng Aktivitéit maachen. 

A last but no least, mat grousser Ënnerstëtzung vun der Post, krutenall eis Beaver a Wëllëfcher eng Postkaart, heemgeschéckt. Eis klengst Memberen hun déi dann bemoolt a beschriwwen an an all d’Alters- a Pfleegeheemer am Land verschéckt.

Trei no eiser Devise “Zesumme fir eng besser Welt” maache mir all Daag onst Bescht fir dene Leit eng Hand unzepaken déi et am Moment nach méi schwéier hunn. De Scoutismus mat sengen honnerten Benevoler weisst dass en eng wichteg Plaatz an a fir d’Gesellschaft huet.